Preparatiounen si baal fäerdeg….

… an d’Wieder schéngt och matzespillen!

Et ass Ouschterwakanz an d’Sonn ass dobaussen. Gudd ieder an e bëssi Zäit? Perfekt!

Elo feelt just nach e bessi Material fir eis éischt Schatzsich e bëssi ze animéiren an da geet et endlech lass!
Vu, dass kee vun eis immens begabt an der Animatioun ass, maache mir dat mat de ganz modernen Mëttelen… :)

Mir si gespaant, ob d’Këscht dann elo schnell fonnt gëtt, oder fir d’éischt mol e puer Méint an der Sandkaul versauert, ier een se ausgriewt….. et läit u sech un Iech dobaussen!

Eppes kenne mir awer scho verroden, Als Präis fir déi éischt Schatzssich wénkt schon e flotte Kado vun engem vun eise Partner.

Op dëser Platz mol villmools Merci der Ekipp vum Weltbutték zu Esch/Uelzecht, déi eis an eisem klenge Vorhaben ënnerstëtzen!

Suivant
Suivant

Gläich geet et lass…. mee firwat?