Gläich geet et lass…. mee firwat?

Einfach esou!

Eigentlech ass et jo eng Fantasie, en Dram. Eng Kéier am Sand ze buddelen an tatsächlech eppes ze fannen.

Mee och esou e klengt Wonschdenken, kéint dach eemol an Erfëllung goen!

Natierlech si vill Froen ze klären…

Wat fënnt een dann eigentlech? Kritt een eng Belounung? Wat ass d’Belounung?

Dorop hu mir Äntwerte gesicht, an eis virgeholl eng asbl. ze grënnen, déi dëss Froen beäntwert (huet) an sech d’Zil gesat huet e puer Mol am Joer, dofir ze Suergen, dass irgendeen eppes fanne kann.

Als asbl. géinge mir dann och versichen, dëss Aktivitéit mat flotte Präisser ze belounen.

Op dëser Plaz emol den Tëscheruf:

Falls dir eis sponsore wëllt, kenne mir gäre schwetzen. Hei um Site si vill schéi Plazen fir Logo’en :)

Natierlech wier et Schued, wann dat, wat mir vergruewen, Jorelaang ënner dem Sand leie bleiwt… dofir ass et wichteg, eng kleng Ëffentlech Präsenz ze hunn.

Dësen Internetsite déngt mol dozou, dass een all d’Informatiounen, déi ee brauch, och fënnt. Zousätzlech, kënnt de Volet “Sozial Medien” dobäi. Hautesdags geet et jo nët ouni. Mee esou si mir och vill méi flexibel, wat d’rausschéissen vun neien Informatiounen ugeet.

Dass um Schluss vun esou enger Juegd, nët jiddfereen och eppes fënnt, dat ass eis natierlech bewosst. Dofir probéire mir och nët ëmmer am selwechten Duerf aktiv ze sinn.

A wat ass schon en Abenteuer, wann ee wees, dass een secher eppes fënnt?